Mir ennerstëtzen Iech an dësen Beräicher
Immobilienkredittberoodung a méi
Eis Servicer
Haapt Wunnsëtz
Egal ob dir elo eng Immobilie fir déi éischten, zweeten oder drëtte Kéier kaft, mir berooden Iech professionell a kompetent fir Äeren Immobilienkreditt unzefroen an Iech och steierlech ze optimiséieren.
Investissement Locatif
Een Investissement locatif bleift zu Lëtzebuerg nach emmer ganz interessant. Wann Dir eng Immobilie kaft fir ze verlounen, ass dat souwuel um Plang vun der Optimiséierung vun de Steieren ganz interessant, wéi och um Plang vun der Wäertsteigerung, well d’Präisser vun den Immobilien hei zu Lëtzebuerg laut Experten och nach an Zukunft wäerten klammen.
Scheedung & Trennung
Eng Scheedung oder Trennung ass nie einfach ze handhaben an et ass nach emsou méi schwiereg eng Eenegung ze fannen, wann gemeinsam finanziell Engagementer bestinn. Mir kënnen Iech op dësem Wee ennerstëtzen a berooden fir eng Léisung fir Äer Situatioun ze fannen, dëst vum Partage Akt bis bei d’Restrukturatioun vun Äerer Schold.
Restrukturéirung & Refinanzement
Mat den Erhéigungen vun den Zënsen, sinn d’Mensulaitéiten vun Äerem Kreditt sécherlech staark geklommen, wat sech och op Äer Liewensqualitéit auswierken kann. Et gëtt hei d’Méiglechkeet fir Äeren Kreditt ze refinanzéieren an en eventuell ze verlängeren, fir Äer monatlech Ausgaben fir Äeren Kreditt ze verréngeren an sou Äer finaziell Situatioun ze verbesseren. Et kënnt vir, dass een einfach säin Immobilienkreditt mat senger Hausbank ennerschriwwen huet, well een dem Bänker vertraut huet, ouni d’Konditiounen mat aneren Offeren vun aneren Banken verglach ze hunn an doduech net déi beschten Offer kritt huet. Mir analyséieren Äeren aktuellen Prêt an berechnen, ob et fir Iech Sënn mecht, den Kreditt mat besseren Konditiounen nei ze verhandelen.
Oft Gestallten Froen
faq
Allgemeng gëtt en Hauskreditt vun engem Kreditgeber accordéiert, fir eng Immobilie ze kafen. Et handelt sech ëm e Prêt, deen oft iwwer 20 Joër rembourséiert gëtt an deen mat enger Hypothéik gesëchert as. E Notaire intervenéiert zu Lëtzebuerg fir engersäits den Kaaf vun der Immobilie ze aktéieren an anerersäits fir d’Hypothéik am Hypothéikenbureau anzeschreiwen.
Eng Hypothéik ass eng reell Garantie oder Sécherheet fir d’Bank. Dës Garantie gëtt beim Notaire festgehalen an déngt dozou, der Bank de Remboursement vum Prêt ze garantéieren, wann d’Immobilie zB verkaf oder anerwäerts refinanzéiert gett.
Mir hunn Zougang zu enger grousser Zuel u Kredittgeber an schécken Äer Demande un verschidden Banken fir Iech esou déi gënschtegst Konditiounen ze organiséieren. Wann Dir op Äer Bank gitt, limitéiert Dir Äer Optiounen oder Dir kënnt eventuell hir Konditiounen fir ee Kreditt ze kréien net erfëllen. Mir wëssen, wat d’Critèrë vun de verschiddenen Kredittgeber sinn, sou dass mir Äer Zäit spueren an och d’Schwieregkeete fir mat de Banken ze handelen fir Iech iwerhuelen. Ennert dem Strech gewannt dir duech eise Service Zäit a Geld.
Mir ginn mat Iech duerch déi ganz Formalitéiten fir Äer Demande duerch and hëllefen Iech, fir all zousätzlech Informatioun ze sammelen, déi néideg sinn, fir sécherzestellen dass Dir déi maximal Chance an déi beschten Konditiounen hudd fir een Accord fir Äeren Kreditt ze kréien.
Op dës Fro gett et keng allgemeng Äntwert, well et ganz vun Äerer Situatioun ofhänkt, an och vun der Aart vum Kaf, deen Dir plangt ze maachen. Allgemeng gëtt 5-10% Eegenkapital vum Kreditgeber gefroot, awer den Dépôt hänkt och vum Typ vun der Immobilie an vum Projet of (ass et een éischten Kaf, een zweeten Kaf oder een Investissement asw…)
Hauskreditt-Courtiere sinn net vun de ‘Banken engagéiert – si schaffen onofhängeg a ginn vum Kredittgeber (Banken, Bauspuerkeesen) beim Ofschloss vum Kreditt bezuelt. Mir berechnen dem Client selwer keng Fraisen.