Gewéinlechen gëtt beim Kaaf vun enger Immobilie zu Lëtzebuerg 7% vum Kaafpräis als Steier un den Enregistrement bezuelt. Dëss Tax bezitt sech op den Wert vun der Immobilie den Dag vum Akt beim Notaire. Bei neien Constructiounen gëtt am Prinzip den Wert vun der gebauten Immobilie geschaat an op déi Valeur eben d’Enregistrementskäschten gerechnet. Fir d’Joer 2024 huet de lëtzebuerger Staat den Boni vum bëllegen Akt op 40.000 € pro Keefer eropgesaat, déi een beim Kaaf vum Haaptwunnsëtz kann gëllen loossen.
Dësen Boni gëllt leider nëmmen fir all Kaaf deen nach 2024 aktéiert gëtt, nom 1. Januar 2025 fällt den bëllegen Akt nees op déi gewinnten 30.000 € pro Persoun.