NEI: Evolutioun Zënsen Q3/2024

Déi lescht Woch huet déi europäesch Zentralbank (EZB) den Leedzënssatz inchangéiert gelooss nodeems se am Juni ’24 no laanger Zäit erofgesat gouff. Dësst huet vill Mouvementer op den Finanzmarché’en bruecht, et herrscht de Moment och eng Angscht vun Rézessioun, wat dann och d’Zënsen fir Immobilienkreditten no ënnen dreiwt. Eurostat annoncéiert en relativen stablen Chômage an der EU seit dem Uffank vum Joer an eng liicht Hausse vun der Inflatioun, dësst sin d’Grënn wéisou den Leedzënssatz op dem selwechten Niveau gehaalen gouff. Den Euribor 3m z.B. geet konstant no ënnen säit dem Héichpunkt am Oktober ’23 (>40 bps) an féiert wahrscheinlech zu engem neien “non-event” esou wéi den leschten Juni schon, wann d’EZB am Hierscht hir Taux’en sollt erofsetzen. Zu Lëtzebuerg misst een demnächst awer mat enger Baisse vum variablem Zënssatz rechnen.